D'Wäibar ass e Lokal wat et bis dato nach net op der Musel, respektiv zu Lëtzebuerg, gouf: D’Wäiner kommen exklusiv vu Lëtzebuerger Wënzer. Op Crémant, Wäissen, Rosé oder Rouden, et gëtt vun allem. Zousätzlech kréien d’Cliente vun der Wäibar d’Méiglechkeetalleguer d’Wäiner ze kafen, respektiv ze bestellen.
Mä net nëmmen déi lokal Wäikultur, och fir eis Iesskaart setze mir virun allem op héichwäerteg regional Produiten. Nieft enger gudder Schmier oder Tarte flambée ginn et an der Wäibar och Kéis- a Charcuteriestelleren, an am Nomëtten och mol e gutt Stéck Taart...