Eng Wäibar mat exklusiv lëtzebuergesche Wäiner an enger klenger, regionaler Iesskaart.
D'Wäibar ass e Lokal wat et bis dato nach net op der Musel, respektiv zu Lëtzebuerg, gouf: D’Wäiner kommen exklusiv vu Lëtzebuerger Wënzer. Op Crémant, Wäissen, Rosé oder Rouden, et gëtt vun allem. Zousätzlech kréien d’Cliente vun der Wäibar d’Méiglechkeetalleguer d’Wäiner ze kafen, respektiv ze bestellen.
Mä net nëmmen déi lokal Wäikultur, och fir eis Iesskaart setze mir virun allem op héichwäerteg regional Produiten. Nieft enger gudder Schmier oder Tarte flambée ginn et an der Wäibar och Kéis- a Charcuteriestelleren, an am Nomëtten och mol e gutt Stéck Taart.
Zil vun der Wäibar ass et de Leit déi Lëtzebuerger Wäiner an engem flotten a gesellege Kader méi no ze bréngen.
An enger gemittlecher Ambiance gëtt et mol endlech rëm en Treffpunkt fir d’Leit aus der Regioun a vun ausserhalb: Et kann ee mol erëm ee „gudden huele goen“.
Nieft eisen normalen Deeg hu mir och eng Serie u Special Events, wéi zum Beispill Degustatiounen, Pop-Up Kichen, Akkusitk-Concerten, „Crémant und Kuchen“, etc.
An eisem Land gëtt et méi wéi nëmme Fussball oder d'Philarmonie, a genau dat soll een och an der Wäibar empfannen an erliewen.
Wine Bar
Coffee, Dinner, Drinks
Suitable for groups Outdoor tables Reservations Table service
Booking is NOT mandatory
This site collects and organizes a list of restaurants around the world. You can find what interests you in just a few clicks and for free.
This site survives only with a few non-invasive banners, so we are asking you to disable any ADblock software. If you can alternatively continue find your favourites events somewhere else or LIKE this page
Leave a comment